Events

„Grouss Liewensfroen: Schoul – an hir Alternativen“

Table Ronde

Ee groussen Themenowend, fir d’Konzept Schoul ze betruechten, opzefächeren an och ze hannerfroen. Dëst op eng méi philosophesch Manéier, fir zentralen Äntwerten zum Thema Schoul méi no ze kommen: Wat ass Schoul? Wat soll Schoul kënnen? Schoul als Erfarungswelt an demokratesche Prozess, kloer! – mee gëtt et dofir just Schoul? Si Programmer, Noute, Kompetenzdefinitiounen net vläicht ze restriktiv fir een Erfarungsraum a Léieruert? Geet d’Resonanz an d’Weltoppenheet vläicht verluer, wa Léiere systematiséiert an institutionaliséiert gëtt? Dobäi ass den eigentleche Plus vun der Schoul och de sozialen a gemeinschaftlechen Aspekt, deen op de kulturellen an demokratesche Matenee virbereede kann.

Mat eise Paneliste reflektéiere mir dës Froen an diskutéieren Alternativen – awer och d’Virdeeler vun traditionelle Schoulmodeller. Froen a Reflexioune vum Publique sinn ausdrécklech erwënscht!

Panel

  • Philippe Demart (Vizedirektioun Lycée Ermesinde Mersch)
  • Manou Worré (Léieren duerch Engagement, ZpB)
  • Johny Diederich (Homeschooling)
  • 1 weider Persoun (TBC)

Moderatioun: Nora Schleich (EwB)

Koorganisation: Zentrum fir politesch Bildung


Mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Oeuvre

Datum:27.03.2025Zeit:18:30 bis 20:30 UhrAnmeldung bis:27.03.2025Eintritt:GratisAdresse:5, Avenue Marie-Thérèse, L-2132 LuxembourgIn Zusammenarbeit mit:Zentrum fir politesch BildungSprache:Lëtzebuergesch