Buch

D‘Zauberplomm

Fir seng 30 Joer ze feieren,  publizéiert  Fairtrade Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Betsy Dentzer d‘Märchen Zauberplomm, eng spannend Aventure tëscht Lëtzebuerg an der Côte d‘Ivoire.

Et ass d‘Geschicht vun zwee Lëtzebuerger Kanner, dem Clara an dem Jules. Si sinn Zwillingen, 10 Joer al, Kompliz a Géigner zugläich.
Enges Dags hu si sech op engem Schoulausfluch am Éislék  ewechgeschlach, ouni datt d‘Léierin et gemierkt huet, fir engem geheimnisvolle Geräisch aus dem Bësch nozegoen.
Esou fänkt eng aussergewéinlech Aventure un, déi d‘Kanner bis an eng Kakaosplantage an der Côte d‘Ivoire mathëllt.
Déi humorvoll an zauberhaft Erzielung, déi eng méi grouss sozial Gerechtegkeet erausfuerdert, léisst déi jonk Lieser a Lieserinne mat den Helde vun der Geschicht zidderen.
Am Rhythmus vun deenen eenzelnen Aventurë kréie si e Gefill fir d‘Thematik vun engem méi gerechten Handel: Fairtrade!

Kanner vun 8 Joer u kënnen dat Buch liesen, an déi méi jonk hu Freed drun, wann en Erwuessenen hinnen et virliest.

Virgeschloen vum Danielle Mertes, ErwuesseBildung Referentin fir Liesfërderung, Kanner- a Jugendliteratur
Autor:
Betsy Dentzer
Publicatioun:
2022
Editeur:
Fairtrade Lëtzebuerg
Genren:
Kinder