Nouvelles

Vun Hippches op Hapches a vu Pontius op Pilatus

04.06.2026

PODCAST 

Am Kader vun eisem Bicherzelt 2026 hate mir am Mee eng Gespréichsronn zum Thema « Vun Hippches op Hapches a vu Pontius op Pilatus » organiséiert.

D’Fränz Biver-Pettinger vum « Op ee Wuert – E Bibel-Podcast » an den Mil Goerens, Auteur vun e.a. « Vun der Long op d’Zong », hu gemeinsam mam Public iwwert Lëtzebuerger Ausdréck an hiren Ursprong diskutéiert a philosophéiert.

Dëst Gesréich ass opgeholl ginn an Dir kënnt Iech et am Podcast « Op ee Wuert » ulauschteren. Hei klicken…

Dësen Owend war eng Kooperatioun vun der ErwuesseBildung mam Service Communication et Presse vum Äerzbistum.