Événements

Grouss Liewensfroen: Schoul – an hir Alternativen

ewb-gesellschaft

Eng Table Ronde

Enn Mäerz hu mir eis ee grousst Thema virgeholl. Bei dëser Table Ronde geet et ëm vill, nämlech ëm Formen, Modeller, Iddien, wéi eng Ausbildung ausgesi soll a kann. Den traditionelle Schoulsystem gëtt et jo eigentlech net méi, oder dach? Alternativen dozou etabléieren sech, mee ginn deelweis awer nach ëmmer als Ausnam gehandelt.

Mee wat ass dann eigentlech d’Roll vun der Schoul? Wien entscheet, wat se ze leeschten huet? Si mer do politesch ënnerwee, oder sträife mer och aner Beräicher? A geet dat net och anescht?

Et diskutéieren:

  • Johny Diderich (Selbstbestëmmt Bildung)

  • Philippe Demart (Lycée Ermesinde)

  • Manou Worré (ZpB, Léieren duerch Engagement)

  • Luc Weis (Script)

 

Et ass genuch Zäit geplangt, fir dass Dir matschwätze kënnt – an och onbedéngt sollt, well dëst Thema huet eng ongleeflech gesellschaftlech Relevanz.

Als Kooperatiounspartner freeë mer eis, mat follgenden Associatiounen zesummen dësen Owend ze gestalten:

Projet Sapere Aude 2.0, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Oeuvre.

Date:27.03.2025Temps:18:30 jusqu'à 20:30 heureEntrée:gratislieu:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luEn coopération avec:forum, UP Fondation, Zentrum fir politesch BildungLangue:LU