Nouvelles

Vill nei Buchrezensiounen

23.04.2025

Am Kader vum EwB Bicherzelt wärend der Oktav 2025 hunn nees eng ganz Rëtsch Leit, déi op déi eng oder aner Manéier mat der EwB verbonne sinn, Bicher rezenséiert. Dës Buchrezensiounen fannt Dir ab elo hei op eisem Site an an eisem neie Bicherbichelchen.

D’EwB steet vun Ufank un, nieft dem gesellschaftlechen Optrag, dofir, d’Leit zesummen ze bréngen a fir d’Entdecke vu verschiddene Liewensperspektiven ze begeeschteren, och fir d’Léift zum Buch. D‘Buch gesi mir als wichtege Medium, fir Dieren a Welten opzemaachen, déi engem soss vläicht guer net sou präsent wieren; deemno och als Medium fir d’Bilde vum eegene Weltbild, fir d’Bilde vu Brécken a vun Diskussiounsraim.

All eis (dëst Joer) rezenséiert Bicher kritt Dir och an eisem beléifte Bicherzelt wärend der Oktav ze kafen; Dir fannt eis wéi gewinnt am Bannenhaff vun der Kathedral (Erëffnung: 10.05. um 15.00 Auer, Ëffnungszäiten: all Dag vum 11.05.–25.05. vun 9.00 bis 18.30 Auer).

Klickt op d'Bild fir de PDF eroflueden ze kënnen.