Nouvelles

ÄDDI EwB DIKRECH

21.05.2025

„Et war sching zu Dikrich.“

Am Joer 1992, virun 33 Joer, gouf d’ErwuesseBildung zu Dikrech gegrënnt, deemools als „INFO VIDEO NORDEN“. An der Stad am Convict gouf et d’ErwuesseBildung schonns zënter 1972 als „Centre Chrétien d’Éducation des Adultes“, an endlech ass och am Norde vu Lëtzebuerg eng Antenn opgemaach ginn.

Et war d’Gemeng Dikrech, zesumme mat der Por, déi Raimlechkeeten am Porhaus zur Verfügung gestallt huet, an aktiv drun intresséiert waren, e Service mat ausgewielte Bicher a Filmer an hirer Stad unzebidden. Wärend 20 Joer hat d’Christiane Kremer-Hoffmann als éischt Haaptamtlech d’Fiedem an der Hand, duerno koum d’Laure Simon. Zesumme mat villen éierenamtleche Fraen a Männer gouf ee grousse Programm mat Konferenzen, Couren a Mediewochen ugebueden. Zu den Offeren huet och en Dokumentatiounszentrum gehéiert mam Schwéierpunkt Kanner- a Wuertgottesdéngschter, fir Laien an de Poren ze ënnerstëtzen. Wärend enger Rei Joren huet och zu Wolz eng Antenn funktionéiert; en Héichpunkt war all Joers am Hierscht d’Kucke-Liese-Spille Woch an der Aler Hotelschoul zu Dikrech.

Ugefaangen hat alles 1992 mat enger grousser Bicherausstellung an der aler Kierch zu Dikrech an opgehalen huet et am November 2024 mat enger Expo zum Niklos an der Parkierch. D’EwB seet der Par Dikrech, der Gemeng Dikrech an alle Benevollen an Haaptamtlechen ee ganz grousse Merci fir déi flott Zesummenaarbecht an hofft, datt sech d’Weeër nach oft wäerte kräizen op zukünftege Veranstaltungen am ganze Land a besonnesch an der Nordstad an am Norden.