Nouvelles

AFTERMOVIE: Net gehéiert, net gesinn

06.07.2026

Enn Mäerz ass an der EwB d’Thema „Mental Gesondheet an der Schoul“ opgegraff ginn.

Schüler*innen vun der 2ième GSO aus dem LTEtt hunn eng Gespréichsronn organiséiert a mat Expert*innen a Leit vum Terrain iwwer Sujeten wéi Stress, Drock, Iwwerfuerderung an Angscht geschwat.

Dir konnt net dobäi sinn? Kee Problem. An eisem Aftermovie gitt dir gewuer, ëm wat et genee gaangen a wéi den Owend ofgelaf ass.

D’Gespréichsronn an de gesamte Projet hunn am Kader vu „Léieren duerch Engagement“ stattfonnt, enger Initiativ vum Zentrum fir politesch Bildung.