Baubiologie haut: Méi wéi Schimmel
Een Austausch-Owend
Wéi eist Wunnen d‘Gesondheet beaflosst
Ëmweltmedizin fänkt doheem un. Ouni de Verursaacher erauszefannen an ze neutraliséieren ass di beschten Therapie net oder wéineg effikass.
D’Baubiologie ënnersicht deemno Loftqualitéit doheem oder ob der Aarbechtsplaz no chemesche Schuedstoffer, Schimmelpilzbelaaschtungen oder och Elektrosmog di krank maache kënnen.
Referent:Ralph Baden
Biolog a Baubiolog
Hie wäert ob di verschidde Belaaschtungsfaktoren agoen an se mat Fallbeispiller aus senger laangjäreger Erfarung illustréieren.
Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Weider Owenter aus der Rei „Medezin & Ëmwelt am Dialog“:
- 14.10. Scente.lu – Medizin & Ëmwelt
- 04.11. D’Zänn an de Kierper. Eng wichteg Verbindung
- 25.11. Mental Health an Depressioun
- 16.12. Zännmedizin nei denken
- 13.01. Chronesch Entzündungen an Infektiounen
- 27.01. Ernärung als verstoppte Basis
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luEn coopération avec:Scente asblLangue:LU




