Chronesch Entzündungen an Infektiounen
Een Austausch-Owend
Déi ënnerschaten Ursaach vu ville Krankheeten
Chronesch Entzündungen a persistéierend Infektioune gëllen als zentral Grënn vu ville moderner Krankheeten. Dëse Virtrag am Kader vun der funktioneller Medezin beliicht déi zugrond leiend Mechanismen duerch déi akut Immunerkrankungen a laangfristeg, dysreguléierend Entzündungsprozesser iwwergoe kënnen. Niewent klassescher infektiologeschen Aspekter ginn och subklinesch Infektiounen, Stéierunge vum Mikrobiom souwéi Ëmwelt- a Liewensfakteuren berücksichtegt, déi zur Chronifizéierung bäidroen. Ee besonnesche Fokus leit op der Wiesselwierkung tëschent Immunsystem, Daarmgesondheet a Stoffwiessel. Zil ass et, en integratiivt Verständnis vun dëse Prozesser ze vermëttelen an Usätz fir eng ursaachenorientéiert Diagnostik an Therapie opzeweisen.
Referent: Dr. med. J. Diederich, M.Sc.
Dr. Diederich, Generalist, spezialiséiert a klinescher an zahnmedizinescher Ëmweltmedizin, Ernärungsmedezin, Metalltoxikologie, Infektiologie sowéi funktioneller a präventiver Medezin.
Hien ass Member vu verschiddenen Veräiner, ënnert anerem President vu „scente a.s.b.l.“ a Kommiteesmember vun der „Europäischen Gesellschaft für klinische Umweltmedizin„.
Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Weider Owenter aus der Rei „Medezin & Ëmwelt am Dialog“:
- 14.10. Scente.lu – Medizin & Ëmwelt
- 04.11. D’Zänn an de Kierper. Eng wichteg Verbindung
- 25.11. Mental Health an Depressioun
- 16.12. Zännmedizin nei denken
- 27.01. Ernärung als verstoppte Basis
- 10.02. Baubiologie haut: Méi wéi Schimmel
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luEn coopération avec:Scente.luLangue:LU




