Gutt Nuecht Geschicht – Workshop
Ee Workshop iwwert d’Virliese and d’Schlofroutinen fir Elteren an hier Kanner
Dëse Workshop schléit zwee Mécke mat enger Baatsch:
- Wéi kréien ech meng Kanner zum Liesen?
- A wéi kréien ech se owes an d’Bett?
Mat enger gudder Guddnuetsgeschicht Routine!

Wosst dir, dass vill Elteren entweder ze spéit ufänke mat virliesen oder ze fréi domadder ophalen? An wosst dir, dass just puer Minutten am Dag virliese schonn zimmlech vill bréngen?
Villäicht aus de Choix um Bichermaart och einfach ze grouss? Oder et traut een sech net wierklech virzeliesen? An dat schwieregst ass jo ëmmer mat enger Routine unzefänken, vir un allem, wann et ëm d’Schlofegoen geet.
Hei am Workshop sinn Elteren a Kanner wëllkommen. Et gi verschidde Bicher virgelies a präsentéiert. Mir schwätzen iwwert d’Bedürfnisser vun de Kanner an iwwert Schlof- a Liesroutinnen an natierlech dierfen Elteren hier virlies Konscht de Kanner virweisen.
Virwëlzeg? Dann schreift Iech gären am Workshop an.

13, Rue du Nord
L-3261 BettembourgInformation:info@ewb.luEn coopération avec:A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.Langue:LëtzebuergeschPublic cible:Elteren mat hiere Kanner (3 – 8 Joer)