Hatha Yoga mam Linda
Ech sinn d’Linda a mat oppenen Äerm begréissen ech dech zum „Hatha Yoga“ um Dënsden Owend.
Eng Mëschung vu verschiddenen Hatha Yoga Asanas/Positiounen, fir Kraaft, Kierperkontroll a Beweeglechkeet ze stäerken. Uschléissend ginn e puer Otemtechniken ausgefouert fir da mat enger entspaanter Meditatiounofzeschléissen.
Meng Leidenschaft fir de Yoga hun ech virun e puer Joer entdeckt, woubäi ech am Nepal nach eng Kéier d’Méijlechkeethaat de Yoga nach méi déif a séngen traditionellen Aspekter kännen ze léieren. Säit méi wéi 4 Joer ënnerriichten ech verschidde Yoga Aarten déi all hier eege bewonnerenswäert Effekter mat sech bréngen.
Wëlls du dengem ganze Kierper a Geescht eppes Guddes doen, de Yoga a senger traditioneller Aart a Weis känne léieren, da bass du hei genau richteg.
22 € pro Courslieu:ErwuesseBildung Asbl
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLangue:LU