Lët’z druddemarl!: Literaresche Cabaret mam Marc Weydert
De Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir en humoristeschen Owend an d’Erwuessenebildung!
D’Spille mat der Lëtzebuerger Sprooch, d’Verdréine vu bekannte Geschichten, d’An-d’Lächerlecht-Zéie vun agesiessene Gewunnechten a Klischeeën iwwer Männer am Baumaart a Fraen am Schongbuttek, Krankheeten oder deen allsäits beléiften Thema vun de Vakanzen, all dat ass Senges! De Marc Weydert, Lëtzebuerger Auteur a Laureat vum Concours littéraire national 2021 a vum Lëtzebuerger Buchpräis 2025 kënnt fir e lëschtegen Owend voller Ironie, Wuertwitz a Parodien an d’Erwuessenebildung a presentéiert seng Sammlung vun humoristeschen Texter a Lidder an engem gesellege Kader. Mat derbäi sinn och en neie Reenert, eng méiglech Fortsetzung vun der Maus Ketti an e Roude Léif, deen esou d’Flemm huet, datt hien d’Paart vum Colmer Schlass klaakt a senger Wee geet, fir eng nei Karriär unzefänken. Dauer: 80 Minutten.
Zum Auteur: De Marc Weydert ass Diplompedagog a Schoulmeeschter vu Formatioun. Duerch säi Beruff interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur a fir d’Liesfërderung bei Kanner. Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch a verdréint bekannte Märercher a Geschichten, fir eppes Neits draus ze maachen. No deem Prinzip sinn och seng éischt zwee Bicher, „Verdruddelt Geschichten” (2022) an „Zerknujelt Geschichten” (2023), bei Perspektiv Editions erauskomm. Bei béide Bicher huet hie mat der Illustratrice Marie- Isabelle Callier zesummegeschafft. Den Duo krut fir „Verdruddelt Geschichten” en 1. Präis beim Concours littéraire national 2021 a war mat deenen zwou Publicatioune fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert.

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luEn coopération avec:Eltereforum und Unterstützung von MENJELangue:LuxemburgischFormatrice/Formateur:Marc WeydertPublic cible:Familien mit Kindern zwischen 3 und 7 Jahren




