Liesung vum Kannerbuch « D’Märelchen »
Mat der Kënschtlerin an Autrice Lisa Grosbusch
D’Lisa Grosbusch, Kënschtlerin a Schoulmeeschtech, präsentéiert hiert neit Kannerbuch an der EwB. Ze gesinn ass de Werdegang vum Buch: Niewt den handgemooltenen Illustratiounenweist d’Kënschtlerin och déi fäerdeg digital veraarbecht Versioun – sou gëtt kloer, wéi ee Wee d’Bild vum Entworf zur fäerdeger Säit am Buch zeréck leet.
D’Buch ass fir Kanner vun engem bis fënnef Joer, d’Theme sinn Naturverbonnenheet, Déieren, an den Iwwergank vum Wanter zum Fréijoer.
Dir sidd all Wëllkomm, fir un der Liesung deelzehuelen an d’Märelchen kennenzeléieren. No der Liesung wäert och nach eng Bastelaktivitéit stattfannen.
Ëm eng Umeldung gëtt gebieden.
De Vernissage vun der Ausstellung ass de 7. Oktober.
D’Ausstellung hänkt bis Mëtt November 2023. | Ëffnungszäiten: Mo-Fr, 13h-17h
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLangue:LUPublic cible:Kanner vun 1-5 Joer