Events

Liesung vum Kannerbuch „D’Märelchen“

ewb-familien

Mat der Kënschtlerin an Autrice Lisa Grosbusch

D’Lisa Grosbusch, Kënschtlerin a Schoulmeeschtech, präsentéiert hiert neit Kannerbuch an der EwB. Ze gesinn ass de Werdegang vum Buch: Niewt den handgemooltenen Illustratiounenweist d’Kënschtlerin och déi fäerdeg digital veraarbecht Versiounsou gëtt kloer, wéi ee Wee d’Bild vum Entworf zur fäerdeger Säit am Buch zeréck leet.

D’Buch ass fir Kanner vun engem bis fënnef Joer, d’Theme sinn Naturverbonnenheet, Déieren, an den Iwwergank vum Wanter zum Fréijoer.

Dir sidd all Wëllkomm, fir un der Liesung deelzehuelen an d’Märelchen kennenzeléieren. No der Liesung wäert och nach eng Bastelaktivitéit stattfannen.

Ëm eng Umeldung gëtt gebieden.

Lisa Grosbusch, Kënschtlerin an Autrice

De Vernissage vun der Ausstellung ass de 7. Oktober.

D’Ausstellung hänkt bis Mëtt November 2023. | Ëffnungszäiten: Mo-Fr, 13h-17h

Datum:15.10.2023Zeit:10:30 bis 11:30 UhrAnmeldung bis:11.10.2023Eintritt:gratisAdresse:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LUZielgruppe:Kanner vun 1-5 Joer