Événements

Repair-Café & Retrospektiv

ewb-gesellschaft

Repair-Café, Gemeinwohlekonomie an d’E-Vollkabinenfahrrad

Den 16.6. mécht de Michel Heftrich, ee vun deenen éischten, dee sech mam Theema Repair Café zu Lëtzebuerg  beschäftegt huet, op senger Reess mam E-Vollkabinenfahrrad halt an der EwB. Hie leet op sengem Trajet 5500 km zeréck (vu Wien aus) a besicht eng ganz Reih Repair Cafés. An der EwB wäert hien säin E-Vollkabinenfahrrad virstellen souwéi och eng Retrospektiv vu sengen Erfarungen am Upcycling, Gemeinwohlekonomie an Repair-Café virstellen.

Hien huet elo am Burgenland (Eisterräich) de Repair-Café lancéiert an en neien Projet gestart.

Dësen Nomëtte fënnt dann och ee Repair-Café an der EwB statt (Start: 16h00). Bréngt Är futtis Saache mat, oder kommt als Reparateur, mir géifen eis freeën!

Mam Michel Heftrich a Marcel Barros

Méi iwwert dem Michel seng Rees: Das Vollkabinenfahrrad
Date:16.06.2023Temps:16:00 jusqu'à 19:00 heureEntrée:gratuitlieu:ErwuesseBildung

5, av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Langue:Lu & DE