Événements

Eng Rees vum Nirgendland zu engem Neu-seh-land

ewb-koerpergeistseele

Eng spirituell Online-Reesbegleedung vum a mam Jean Leyder

De Jean Leyer, Grënner vun der EwB, huet Enn Dezember 2024 säin 90. Gebuertsdag gefeiert. Dëst huet hien dozou inspiréiert, nach eng Kéier ee grousse Projet mat eis gemeinsam unzegoen.

Scho laang beschäftegt hien sech mat der Fro, wéi een hautzudaags, an Zäite vun enger ëmmer weider zouhuelender Digitaliséierung an Individualiséierung, Spiritualitéit a Gemeinschaft ka gelieft ginn. Seng Iddi: eng spirituell Rees un där een iwwer Internet deelhuele kann – ganz egal, wou een sech grad befënnt.

Iwwert en Zäitraum vun insgesamt fënnef Woche gëtt all Méindeg en neien Impulstext (eng « Wegmarke ») mat engem dozougehéierege Video online gesat. Et handelt sech dobäi ëm « Sprechversuche ins Offene » – en explizit reliéisen Deitungskader spillt dobäi keng Roll.

„Et geet ëm dat, wat mech am déifsten betrëfft, wou ech mech bei mir selwer doheem spiren.“

An dësem Video gitt Dir gewuer, ëm wat et bei dëser Rees geet…

Wegmarke 1: Ënnerwee op Neu-seh-land

Wegmarke 2

Dates:03.03, 10.03, 17.03, 24.03, 31.03Entrée:gratislieu:onlineInformation:info@ewb.luLangue:DE/LUFormatrice/Formateur:Jean Leyder