Vun Hippches op Hapches a vu Pontius op Pilatus
Gespréichsronn iwwert Lëtzebuerger Ausdréck an hiren Ursprong
Am Kader vum EwB-Bicherzelt wärend der Oktav 2026
Wéi oft ertappt Dir Iech dobäi, wéi Dir Ausdréck benotzt bei deenen Dir Iech guer net richteg erkläre kënnt, wouhier se kommen a wat se eigentlech genee mengen? Se sinn einfach Deel vun eiser Alldagssprooch.
Verschidde Lëtzebuerger Ausdréck hunn hiren Ursprong beispillsweis an der Bauerewelt, anerer an der Bibel. Mir wëllen där Saach op de Grond goen: Wou kommen déi Expressiounen genee hier? Wat hunn se deemools bedeit? A wéi verstinn a gebrauche mer se hautzedaags?
A Kooperatioun mam „Op ee Wuert – E Bibel-Podcast“ vum a mam Fränz Biver-Pettinger, Theologin a Member vum Aarbechtsgrupp „Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch“, produzéiert vum Service Communication et Presse vum Äerzbistum.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLangue:LU




