Événements

Dem Kleeschen säin Iesel um Bauerenhaff (1)

ewb-familien

Eng Liesung mat an iwwert dem Kleeschen säin Iesel fir Familljen

De Kleeserchersdag kennt ëmmer méi no. D’Kaddoe gi verpak an de Schlitt prett gemaach. Do däerf dat wichtegst Déier vun allen natierlech net feelen: Den Iesel!

Beim Paco am Haff treffe mir awer net nëmmen op dem Kleeschen säin Iesel mee nach op sou munch aner Déieren, déi wärend der Liesung fräi ëm eis ronderëm lafen.

Zwou Geschichte mat interaktiven Elementer ginn erzielt. A fir dass et net ze kal gëtt, gëtt sech duerno mat engem Schocki gewiermt. Een Event fir déi ganz Famille, bei dem ee vill Wëssenswäertes iwwert den Iesel a Co gewuer gëtt. 

Loscht kritt? Da kommt a schnuckeleger Kleedung an d’Scheier a loosst iech vun der Niklosstëmmung matrappen.

 

Dës Aktivitéit fënnt de selweschten Dag nach eng Kéier vu 15.15 bis 16.15 Auer statt. Méi dozou …

Foto © Martine Cannivé

Date:24.11.2024Temps:14:00 jusqu'à 15:00 heureS'inscrire jusqu'à:23.11.2024Entrée:Gratis

Iwwert e klengen Don freeë mir eis.
lieu:Beim Paco am Haff

2 Im Rothfeldchen
L-7312 Mullendorf Steinsel
Information:info@ewb.luLangue:LUPublic cible:Famillen mat Kanner ab 3 Joer