Halloween mat Filmvirstellung
Een Event fir déi ganz Famill:
Gitt op d’Sich nom Ursprong vun Halloween!
Et gëtt däischter, d’Kürbiskäpp gi rausgeholl an alles e bësse méi grujeleg. Wouhier kënnt de Brauch? A wat kann een “Halloween” alles Kreatives ustellen?
Een Event fir Famillen déi net op der Sich no enger Halloweenparty sinn, mee mat Bicher, engem Film (Coco) a kreativen Atelieren d’Vakanz verbrénge wëllen.
Et gi Bastel- a Schminkatelieren ugebueden, ze naschele gëtt et och a Verkleedung ass ganz gäre gesinn.
Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …
A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.
Mir géifen eis iwwert ee klengen Don freeën.lieu:ErwuesseBildung
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLangue:LUFormatrice/Formateur:Leslie FischbachPublic cible:Kanner vu 5 – 8 Joer & eng Vertrauensperson