Événements

Matsang-Concert

Bouneweger Nuechtigailercher

ënnert der Leedung vum Claudine Schott

  1. Ei, ei, ei, lo ass de Kleeschen hei
  2. Niklosdag ass gläich do
  3. Kanner loosst mer lëschteg sinn
  4. Du bist der Nikolaus
  5. Kleesche komm
  6. Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen

D’Bouneweger Nuechtigailercher goufen 1981 gegrënnt, fir Kannermassen z’animéieren.

Dirigéiert gëtt de Chouer vum Claudine Schott, wat eng engagéiert an diploméiert Museksproff ass an d’Kanner um Piano begleet. D’Lidder sinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a souguer op Spuenesch.  D’Kanner am Alter vun 3 bis 13 Joer hunn immens vill Spaass ze sangen. D’Abaue vu Beweegungen bei eenzelne Lidder motivéiert d’Kanner zousätzlech bei de Prouwe matzemaachen.

Optrëtter sinn all Joer op der Paraisserplaz wann de Kleesche seng Kaddoe verdeelt, Hellegowend an der Bouneweger Kierch fir d’ Familljemass an am Centre Culturel um Kids Music and More.

Et ginn och nach Optrëtter an Altersheimer, a Shopping Centeren an als Invité bei anere Manifestatiounen.

D’Bouneweger Nuechtigailercher fonktionnéieren dank engagéierten Elteren an anere Fräiwëllegen.

Date:23.11.2024Temps:15:00 jusqu'à 15:30 heureEntrée:gratuitlieu:Kathedral

Rue Notre-Dame
Luxembourg
Information:info@ewb.luEn coopération avec:Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg