Événements

Tabu Thema: Gynekologesch Gewalt a Gewalt wärend der Gebuert

ewb-gesellschaft

Den Tabu-Themen Zyklus ass dofir do, fir schwiereg Themen, déi an der Gesellschaft awer alldeeglech sinn, unzeschwätzen. Dëst, fir Bewosstsinnsaarbecht ze leeschten, e Raum fir Austausch ze bidden a fir Berodung ze fannen.

Am Oktober widme mer eis dem Thema Gynekologesch Gewalt a Gewalt wärend der Gebuert. Dëse Problem betrëfft eng Aberzuel u Fraen, déi sech a Momenter vun extremer Vulnérabilitéit engem onwierdegen Ëmgang ausgesat gespuert hunn, souguer Gewalt oder aner Muechtmëssbräich ausgeliwwert waren. Dëst muss net noutwendegerweis mat enger Schwangerschaft ze dinn gehat hunn, och wärend Kontrolle beim Dokter kënnen harsch Behandlungsmethouden oder d’Ignoranz vun der Patientin hire Wënsch grave Folgen hunn. Och wann ee vun den existenziellste Momenter am Liewen, eng Gebuert, alles anescht wéi natierlech oder roueg ofleeft, dann fillt ee sech ausgeliwwert an exposéiert.

Jee no Situatioun kann dëst grave Folge fir de Mënsch hunn, Traumata a schlëmm séilesch Stéierungen sinn a Verbindung mat deem Thema keng Seelenheet, et gëtt sech just net ëmmer getraut, driwwer ze schwätzen.

Flyer in PDF-Form

Op der Table Ronde am Oktober wäerte mer mat 4 Expertinnen vum Thema schwätze, fir dass d’Gesellschaft sech kloer gi kann, wéi urgent Opklärungsaarbecht zu deem Sujet ass. Och betraffe Leit kënnen hei Support fannen, et wäerte vill Informatiounen ginn a Raum fir Froen an Austausch ass och virgesinn.

Ëm den Dësch sëtzen:

  • Laura Hendriks (Sexologin)
  • Natascha Bisbis (Doula)
  • Yvonne Klein (ASFL)
  • Dr. Marc Peiffer (Gynekolog, SLGO)

Moderatioun: Nora Schleich

De CID Fraen an Gender ass mat engem Bicherstand präsent!

D’Méiglechkeet fir ee Gespréichskrees ze lancéieren ass do, Dir kënnt Iech einfach bei eis mellen!

Ëm eng Umeldung gëtt gebueden, dëst iwwer info@ewb.lu bis den Dag selwer.

Am Virfeld vun der Table Ronde hate mir d’Sexologin Laura Hendriks am Gespréich. Si huet eis erkläert, wat een ënnert Gynekologescher Gewalt versteet, wéi wichteg Kommunikatioun ass an op wat een als Patientin oppasse sollt.

Date:04.10.2023Time:18:00 till 19:30 o`clockEntry:gratis

Iwwert ee klengen Don freeë mir eis.
Location:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LU