Événements

Zeechenworkshop: Muffin und Tört

ewb-familien

Kreativworkshop zur Buchreih Muffin an Tört vum Adam Stower

Taucht an déi witzeg a fantasievoll Welt vun der populärer Buchreihe Muffin an Tört vum bekannten Auteur an Illustrator Adam Stower an!

Am kreative Workshop fir Kanner ab 7 Joer léieren déi Jonk Schrëtt fir Schrëtt, wéi si déi beléifte Figuren aus de Bicher nozeechnen kënnen. Mat vill Fantasie an Uleedung gestalten d’Kanner hiert eegent Buchcover a gi selwer zum Illustrator.

Wat erwaart d’Kanner?

Schrëtt-fir-Schrëtt-Zeechne vun de Figuren Muffin an Tört
Inspiratioun aus de Bicher Bei de Wikingern, Bei de Rittern an Bei de Piraten
Kreativt Gestalte vun engem eegene Buchcover
E perséinleche Cover fir mat heem ze huelen

Fir wien?

Fir Kanner ab 7 Joer, déi gär zeechnen, molen an e Fan vum Muffin an Tört sinn. Elteren a Begleetpersoune dierfe ganz gären um Workshop matmaachen an hir eege Fantasie spille loossen oder bei der Coversäit hëllefen.

Date:08.09.2026Temps:10:00 jusqu'à 11:30 heureEntrée:Gratislieu:ErwuesseBildung | EwB

5, av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLangue:LëtzebuergeschFormatrice/Formateur:Leslie FischbachPublic cible:Elteren mat hiere Kanner (Grondschoul)