ASBL Labo
D’EwB asbl lancéiert zesumme mat der FEDAS eng Table Ronde zur Situatioun vun den Asblen zu Lëtzebuerg. Am Kontext vum Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun ass dës Diskussioun besonnesch akut. Et ginn eng sëllege Froen, déi mussen zesummen opgeschafft ginn:
Wéi eng Organisatiounsformen ginn et am Non-Profit Secteur? Wat sinn déi ënnerschiddlech Ufuerderungen a Selbstverständnisser am Secteur?
Dëse Secteur orientéiert sech oft intrinsesch u Wäerter an Iddien; an e lieft och duerch d’Engagement vum Benevolat, gläichzäiteg ass en mat ëmmer méi grousser Professionaliséierung konfrontéiert. Wéi kann een dësen Alleinstehungsmerkmal an der Gesellschaft vun haut nach stierken, souwuel an de Kommitee wéi och an der Organisatioun selwer? Wéi ee Kader brauch et vum Staat fir den Defie vun haut a muer entgéint ze kucken?
Den Owend gëtt geleet vum Djuna Bernard. Si huet Non-Profit Mangement studéiert a sech an hirer Masteraarbecht mat dësem Thema beschäftegt. Mat um Panel sëtze Vertrieder*innen vun der FEDAS, der ASTI an de Scouten.
Kommt zu vill – mir si gespaant op Är Meenung !

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:FEDASSprache:LU