Buch

Ee Buch, dat guttdeet!

Et ginn Deeg, do geet einfach alles schif. Et reent, et verschëtt ee säi Waasser, an d’Mamm huet owes keng Zäit fir sech d’Suerge vum Kand unzelauschteren. Zimmlech vill fir eng kleng Gestalt wärend esou engem laangen a schwieregen Dag. Mee d’Mamm weess dat beschte Rezept: E Buch, wat een zesummegekuschelt am Bett liese kann. Dës Geschicht ass net nëmmen eng Libeserklärung u Bicher, mee weist och wéi een seng Perspektiv schonn am klengen Alter ännere kann, fir aus donkele Momenter, heller ze maachen. Zesumme blécke Mamm a Kand op den Dag zeréck, a verwandele schwiereg Momenter a schéin Erënnerungen. Ee Buch mat léif illustréierte Biller, déi zum kucken an entdecken alueden.

Leslie Fischbach, Medienpädagogin in der EwB

Autor:
Amélie Javaux
Veröffentlichung:
2025
Herausgeber:
Perspektiv Edition,
Seitenanzahl:
32
Genres:
Für die Kleinen, Kinder