Opruff fir Benevoler
28.02.2024Dir sidd interesséiert un den Aktivitéite vun der EwB?
Dir hutt Zäit a jee no Beräich déi néideg Kompetenze fir bei eis eng Hand mat unzepaken?
Mir siche Benevole fir eis Projeten, zum Beispill:
- Beroder am Beräich vu Smartphone a co. fir eise Smartphone Café (all 2. Mëttwoch nomëttes)
- Mataarbecht bei eise pedagogeschen Aktivitéite mat Elteren a Kanner
- Iddien, déi mir mat Iech zesummen entwéckele kenne, jee no äre Kompetenzen, gär och an engem méi kreative Beräich.
Mir freeën eis iwwert Är Mataarbecht. Kontaktéiert eis ënnert info@ewb.lu fir weider Informatiounen an d’Konditioune fir matzemaachen.
