Eis Traditioun vum Kleeschen
25.07.2023Am Kader vun de Journées européennes du Patrimoine 2023 invitéiert d’EwB op 4 Veranstaltungen ronderëm de Kleeschen.
D‘Traditioune ronderëm de Kleeserchersdag ginn a villen Uertschaften an an de Familljen héisch gehalen, woubäi all Generatioun en e bëssen anescht feiert. En ass awer och verwuerzelt an der Kultur, an der Kannerliteratur an am ëffentleche Raum.
- 2 Visite-Conférences mat musikaleschem Encadrement:
- 24/09/23: D’Kleesercherstraditioun zu Veianen
- 01/10/23: D’Kleesercherstraditioun op der Musel
- 26/09/23: Formatioun zur Kleesercherstraditioun an der EwB
- 29/09/23: D’Kleesercherstraditioun fréier an haut, fir Grouss a Kleng an der Abbaye de Neumünster
Jiddereen ass häerzlech Wëllkomm!
Méi Informatiounen zum Programm vun de Journées européennes du patrimoine fannt dir hei.
![Journées européennes du patrimoine](https://ewb.lu/wp-content/uploads/2023/07/JdP-Logo-205x300.png)
![](https://ewb.lu/wp-content/uploads/2023/07/03_JourneePatrimoine_2023_A3-scaled.jpg)