D’EwB gëtt et elo och als Podcast
17.12.2024No e puer Méint Organisatioun a Virbereedung si mir ganz houfreg Iech endlech matdeelen ze kënnen, dass d’EwB elo e Podcast huet.
Den EwB Podcast beinhalt Opzeechnunge vun eisen Diskussiounsowenter zu gesellschaftlechen, sozialkriteschen a philosopheschen Themen. All Mount wäert eng nei Episod erauskommen.
An der éischter Episod geet et ëm Influencer an hier radikal Illusiounen. Eng Table Ronde, déi mir am Januar 2024 a Kooperatioun mam forum a mat respect.lu organiséiert haten.
Lauschtert bis eran a verrot eis gären, wéi Dir eisen neie Projet fannt!
