Events

Schoulcoach.lu: Sou geet liesen & léieren

ewb-familien

Eng Konferenz fir Elteren iwwert Froen zum Liesen a Léieren,  mat Betreiung fir Kanner am Grondschoulalter

Vill Eltere maachen sech Suergen, wann hir Kanner beim Liesen oder Schreiwen op Hürden treffen: D’Texter bleiwen onverständlech, d’Orthographie gëtt zu enger Erausfuerderung, an d’Selbstvertrauen an der Schoul leit. Genau hei setzt d’Konferenz fir Elteren un.

D’Grënnerin vu schoulcoach.luPia Peters, erkläert d’Lies- a Schreifschwächten, weist wéi een se beim eegene Kand erkennt a weist och d’Weer fir hinnen ze hëllefen. Wat fir Méiglechkeete ginn et, a wéi kann ech mäi Kand am Beschten ënnerstëtzen?

Zum Schluss bleift nach Zäit fir perséinlech Froen.

Kanner sinn häerzlech wëllkomm, an et gëtt eng Sall niewendrun, wou si mat Liessspiller vertraut gemaach ginn, déi am Uschloss och kaaft kënne ginn.

Date:16.05.2026Time:14:30 till 16:00 o`clockRegister Until:15.05.2026Entry:GratisLocation:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LëtzebuergeschTrainer:Pia Krämer-Peters (Schoulcoach.lu)Target Audience:Elteren mat hiere Kanner (Grondschoul) Max Participants:15