Events

Afterwork Waldbueden

ewb-koerpergeistseele

No der Aarbecht duerchootmen. De Kapp fräi kréien. Nei Energie tanken.

Looss de Stress vum Alldag hannert dir a genéiss déi angeneem Frëschheet vum Bësch. Mat klenge Bewosstsinnsübungen, Rou an Zäit fir all deng Sënner fënns du erëm zu dir selwer.

Zwou Stonnen, fir ofzeschalten an nei Kraaft ze sammelen.

Mat Wildchild

D’Jessica Desorbay ass Naturguide, Achtsamkeitstrainerin souwéi Wëllplanzen- a Wildnispädagogin. Sie verbënnt alt Wësse mat moderner Naturpädagogik, begleet Mënschen a schaaft Räim, fir sech iwwert d’Natur nees selwer méi no ze kommen.

Iech kéint och interesséieren…

➡️ Early Bird Waldbueden den 26.07…

Date:15.07.2026Time:18:00 till 20:00 o`clockEntry:gratisLocation:Tennisplatz bei der Spora (Bambësch)Information:info@ewb.luLanguage:LU