Events

NO HATE SPEECH: Strategien fir jiddereen géingt Haass am Internet

ewb-gesellschaft

Workshop mat respect.lu

Wéi kann ee online op haasserfëllten Aussoe reagéieren?

An dësem Workshop steet dat praktescht Handelen am Mëttelpunkt. Mir beschäftegen eis mat der Gesetzeslag zu Lëtzebuerg a weisen, wou a wéi Hate Speech méiglechst efficace zu Lëtzebuerg ka gemellt ginn a wat no enger entspriechender Meldung geschitt. Mir kucken eis ganz konkret verschidde Counter-Speech-Strategien un: Wéi kann ech allgemeng op haasserfëllten Inhalter reagéieren? Wéi dodrobber konkret äntweren? Wéi kann ech mat Haasskommentarer an engem Shitstorm ëmgoen, wann ech een Account geréieren?

Duerch praktesch Übungen a konkret Beispiller kënnen déi verschidde Strategien direkt ausprobéiert a fir deen eegenen Alldag oder beruffleche Kontext ugepasst ginn.

Referentinnen:

Liz Freimann

Soziologin mat enger Spezialiséierung op Haassried a Géigeried an de sozialen Netzwierker. Méijäreg Erfarung an der wëssenschaftlecher Fuerschung zum Thema Zivilcourage am Internet, ergänzt duerch fundéiert praktesch Erfarungen am Beräich „Counter Speech“. Beruffserfarung an der Online-Moderatioun an am Community-Management bei der éisträichescher Dageszeitung „DER STANDARD“ an op hirer digitaler Plattform. Zënter Januar 2026 Coordinatrice vum Projet „Zivilcourage im Netz“ bei respect.lu – Zentrum géint Radikaliséierung.

Melanie Czarnik

Bachelor an der Anglistik an an der Vergläichender Literaturwëssenschaft. Méijäreg Beruffserfarung am Verlagswiesen an an der digitaler Kommunikatioun beim „Psychiatrie Verlag“, ënner anerem als Chefredactrice vun der Fachzäitschrëft „Psychosoziale Umschau“. Duerno Journalistin bei der lëtzebuergescher Wochenzeitung „woxx“, mat enger Spezialiséierung op sozial Themen, Gesondheet an digital Ethik. Zënter 2026 am Online-Team vu respect.lu. Donieft Formatrice an der Selbstverdeedegung fir Fraen, dorënner Frae mat traumateschen Erfarungen, souwéi fir LGBTQIA+-Persounen. Fachkenntnisser an de Beräicher Selbstschutz a Gewaltpreventioun.

Date:23.02.2027Time:15:00 till 18:00 o`clockEntry:gratisLocation:EwB

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:respect.luLanguage:LU