News

D’EwB verwandelt sech an d'”La Papeterie”

01.10.2024

De Poopst François zu Lëtzebuerg

De leschten Donneschdeg am September war an der Stad eng méi lass; de Poopst François war fir een Dag op Visitt. D’Opreegung, déi dësen héische Besuch mat sech bruecht huet, huet een och an der EwB ze spiere kritt. 

Op Ufro vu Bistum hin hunn sech eis Raimlechkeeten fir e puer Stonnen an eng Zoppekichen verwandelt – “La Papeterie” genannt 😉. Hei hu mir déi jonk Leit, déi d’Chance kruten, de Poopst begréissen ze kënnen, mat enger waarmer Molzecht gestäerkt; an deem kale Reen ass dëst méi wéi gutt ukomm! Eng Ronn 250 Persounen hunn sou de Wee an d’EwB fonnt, wou si vun eisem Team Iessen a Gedrénks ugebuede kritt hunn.

Mir hunn op dësem Dag fir vill zefridde Gesiichter gesuergt! Eng Aktioun, déi eisen EwB-Alldag kuerz ënnerbrach an eis vill Freed bereet huet.