D’Kleesercherstraditioun zu Veianen
Journées européennes du patrimoine 2023
Visite-Conférence mat musikaleschem Encadrement
D’Nikloskierch zu Veianen steet net fir näischt direkt bei der Bréck. De Kleesche gëtt zënter Joerhonnerten net just als Patréiner vun de Kanner an den Händler veréiert, mee och als Beschützer virum Waasser.
De Paschtouer Jeannot Gillen werft e Bléck op den historesche Personnage an e puer vu senge Leegenden, de Lokalhistoriker Josy Bassing geet op d’Kleesercherstraditioun iwwert d’Zäit zu Veinen an an d’Kiercheguidin a fréier Buergermeeschtesch Gaby Heger féiert duerch déi denkmolgeschützte Kierch, déi am 13. Jh vun den Tempelritter vu Ruet gebaut gouf.
D’Veiner Holzquartett suergt fir de passende musikaleschen Encadrement.
Weider Informatiounen zu dësem Event an de Journées européennes du patrimoine fannt Dir hei.
um Eck rue de la Gare/rue du SanatoriumInformation:info@ewb.luIn Cooperation with:Par Parc Our Saint-Nicolas, fabrique d'église de la commune de Vianden, d'Veiner GeschichtsfrënnLanguage:LU