Events

Halloween mat Filmvirstellung

ewb-familien

Een Event fir déi ganz Famill:

Gitt op d’Sich nom Ursprong vun Halloween!

Et gëtt däischter, d’Kürbiskäpp gi rausgeholl an alles e bësse méi grujeleg. Wouhier kënnt de Brauch? A wat kann een “Halloween” alles Kreatives ustellen?

Een Event fir Famillen déi net op der Sich no enger Halloweenparty sinn, mee mat Bicher, engem Film (Coco) a kreativen Atelieren d’Vakanz verbrénge wëllen.

Et gi Bastel- a Schminkatelieren ugebueden, ze naschele gëtt et och a Verkleedung ass ganz gäre gesinn.

Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …

A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Date:30.10.2024Time:14:00 till 17:00 o`clockRegister Until:28.10.2024Entry:Gratis

Mir géifen eis iwwert ee klengen Don freeën.
Location:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LUTrainer:Leslie FischbachTarget Audience:Kanner vu 5 – 8 Joer & eng Vertrauensperson