Events

Hondsführerschäin fir Famillen

ewb-familien

Léiert mat der Famille eis Lieshënn kennen 

Dogs4success bitt am Eltereforum Niederanven een Hondsführerschäi fir Famillen un. Elteren ewéi Kanner léieren an deenen 2 Stonne vill iwwer d’Verhale vum Hond, ewéi och iwwert sech selwer.

Mir werfen ee Bléck op d’Kierpersprooch a Kommunikatioun vum Hond. A Verschiddenen Übunge mam Hond, baue mir eventuell Ängschten of a léieren de richtegen Ëmgang mat de Véierbeener.

Dësen Hondsführerschäi riicht sech u Grondschoulkanner an hier Elteren.

Des Veranstaltung ass eng Kickoff-Kenneléierveranstaltung fir déi weiderféierende Projet „Lieshond Café“, kann awer och onofhängeg dovunner besicht ginn.

D’Matbréngen vun externen Hënn ass net erlaabt.

Dëst Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …

A Kooperatioun mat Dogsforsucces a mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Date:22.10.2024Time:14:00 till 16:00 o`clockEntry:Gratis
Location:Eltereforum Niederanven

Centre de Formation "Am Bongert"
128 Rte de Trèves
L-6960 Senningen Niederanven
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:Eltereforum & Dogsforsucces Language:LU/ENG/FRTarget Audience:Kanner (6 – 12 Joer) an hier Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, Nanny, … )