Events

Krixkrax–Ausstellung: Billerbuchsäit molen

ewb-familien

Vum 10. Januar u kann ee wärend 2 Wochen d’Wierk Krixkrax, geschriwwe vum Marc Weydert a mat Zeechnunge vum Patty Thielen (erausgi vum Perspektiv Verlag), an der Stad bewonnere kommen.

Tauch an d’Welt vun engem Illustrator oder enger Illustratorin an a probéier dech selwer un denger ganz eegener Billerbuchsäit. Mir benotzen Aquarell, Collage, Bläistëft- a Moolfaarwen a loossen eis vun den ausgestallte Biller inspiréieren, fir selwer eis Virstellung zu Blat ze bréngen.

Fir Kanner mat Elteren ab 8 Joer.

Date:17.01.2026Time:10:00 till 12:00 o`clockRegister Until:16.01.2026Entry:GratisLocation:EwB | Erwuessebildung

5 Avenue Marie Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.Trainer:Leslie Fischbach, MediepedagoginTarget Audience:Eltere + Kanner ab 8