Krixkrax–Ausstellung: Liesung mam Marc Weydert
Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis & Publikumspräis an der Kategorie “Kannerbuch”
Den 11. Januar liest den Auteur Mark Weydert aus sengem Billerbuch Krixkrax vir.
De Kinnek huet eng lusch Krankheet, iwwerall op sengem Kierper tauche faarweg Tëppelen op! Keen weess sech ee Rot. Aus dem Grond wëllen se d’Hex, Krixkrax em Rot froen. Mee déi setzt uewen an hirem Tuerm, ganz ofgeschott vun all deenen aneren a Bewunner vum Kinnekräich versiche mat deenen verschiddensten Iddie bei si erop ze kommen. Schlussendlech, fënnt ee Kand eng ganz effektiv, wei och einfach Léisung. Mee méi soll net veroden ginn.
Krixkrax huet am November de Lëtzebuerg Buchpräis 2025 am Beräich Kanner- a Jugendbuch, esou ewéi de Publikumspräis gewonnen an iwwerzeegt mat sengen ureegende Reimen an detailräiche Biller, déi hier ganz eege Geschicht erzielen.
D’Biller vun dësem Buch sinn an der EwB vum 10. Januar – 24. Januar ausgestallt.
5, avenue Marie Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.Target Audience:4-7 Joer




