Ku-Ki-Li-Co : Téi-Zeremonie fir Kuscheldéieren
Ee Samschdegmoie fir d’Kanner mat Kuscheldéieren a klenge Leckereien.
Wat géife mir ouni eis Kuscheldéiere maachen? Ouni si schléift et sech net esou gutt a mat hinne fillt een sech staark. Dëse Samschden ass de Lieblingskuscheldéier häerzlech an am Ku-Ki-Li-Co op eng Téi-Party agelueden (keng Suerg, wann’s de Téi net gären hues, et gëtt genuch aner Saachen). Mir leieren ewéi eng typesch Teiparty ofleeft (oder komplett falsch ofleeft!) an da gëtt et och nach eppes Klenges fir ze jicken.
Mam Leslie Fischbach
A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLanguage:LUTarget Audience:Fir Kanner vu 5 bis 7 Joer + eng Begleetpersoun