Schoulcoach.lu: Sou geet liesen & léieren
Eng Konferenz fir Elteren iwwert Froen zum Liesen a Léieren, mat Betreiung fir Kanner am Grondschoulalter
Vill Eltere maachen sech Suergen, wann hir Kanner beim Liesen oder Schreiwen op Hürden treffen: D’Texter bleiwen onverständlech, d’Orthographie gëtt zu enger Erausfuerderung, an d’Selbstvertrauen an der Schoul leit. Genau hei setzt d’Konferenz fir Elteren un.
D’Grënnerin vu schoulcoach.lu, Pia Peters, erkläert d’Lies- a Schreifschwächten, weist wéi een se beim eegene Kand erkennt a weist och d’Weer fir hinnen ze hëllefen. Wat fir Méiglechkeete ginn et, a wéi kann ech mäi Kand am Beschten ënnerstëtzen?
Zum Schluss bleift nach Zäit fir perséinlech Froen.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLanguage:LëtzebuergeschTrainer:Pia Krämer-Peters (Schoulcoach.lu)Target Audience:Elteren mat hiere Kanner (Grondschoul) Max Participants:15




