Tabu-Thema: Sexaarbecht zu Lëtzebuerg
Eng Table Ronde
Am Tabuthemen-Zyklus vun der EwB beschäftege mer eis am Abrëll mat der Fro: Sexaarbecht zu Lëtzebuerg – wéi eng Problemer ginn et a wéi eng Politik wier denkbar, fir d’Liewenssituatioun vu ville Sexaarbechter*innen ze verbesseren? Dës Table-Ronde, déi zesumme mat forum organiséiert ass, beliicht de Lëtzebuerger Modell a vergläicht e mat Alternativen aus dem Ausland. Dobäi wäert och déi sozial Realitéit vu Sexaarbecht am Fokus stoen: Vill Mënschen aus där Branche kommen aus dem Ausland a wielen dës als Iwwerliewensstrategie, well se soss keng Aarbecht fannen.
Wéi gi mir als Gesellschaft domat ëm, dass Sexaarbecht am räichste Land vun der Welt oft ee Symptom vun extremer Armutsmigratioun ass?
Méi Informatiounen kommen nach no… Stay tuned! 👀


5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luIn Cooperation with:forumLanguage:LU




