Eng Rees vum Nirgendland zu engem Neu-seh-land
Eng spirituell Online-Reesbegleedung vum a mam Jean Leyder
De Jean Leyer, Grënner vun der EwB, huet Enn Dezember 2024 säin 90. Gebuertsdag gefeiert. Dëst huet hien dozou inspiréiert, nach eng Kéier ee grousse Projet mat eis gemeinsam unzegoen.
Scho laang beschäftegt hien sech mat der Fro, wéi een hautzudaags, an Zäite vun enger ëmmer weider zouhuelender Digitaliséierung an Individualiséierung, Spiritualitéit a Gemeinschaft ka gelieft ginn. Seng Iddi: eng spirituell Rees un där een iwwer Internet deelhuele kann – ganz egal, wou een sech grad befënnt.
Iwwert en Zäitraum vun insgesamt fënnef Woche gëtt all Méindeg en neien Impulstext (eng “Wegmarke”) mat engem dozougehéierege Video online gesat. Et handelt sech dobäi ëm “Sprechversuche ins Offene” – en explizit reliéisen Deitungskader spillt dobäi keng Roll.

„Et geet ëm dat, wat mech am déifsten betrëfft, wou ech mech bei mir selwer doheem spiren.“
Wegmarke 1: Ënnerwee op Neu-seh-land
Wegmarke 2
