News

RTL beim „Weekend vun den oppene Kierchen“ op Besuch

02.06.2025

Déi Adeleg an eise Kierchen: ënnert dësem Titel ass vum 30. Mee bis den 1. Juni déi 11. Editioun vum „Weekend vun den oppene Kierchen“ ofgelaf. 65 Kierchen hunn duerch dat ganzt Land hier Diere fir ee Weekend opgemaach.

“Kierche bidden en immens grousse Patrimoine. Et ass Konscht dran, et ass awer och eng Plaz vun der Rou an et ass ganz vill Geschicht an eise Kierchen”, sou erkläert d’Coordinatrice Laure Simon (EwB) d’Iddi vum Event.

Nieft villen Visiteure war och RTL do, fir doriwwer ze berichten.

Kuckt hei de ganze Bäitrag.