Goss
An „Goss“ geet et nëmme scheinbar ëm Goss. „Scheinbar“ ass dat eigentlecht Schlagwuert, well et geet ëm de Schäin, deen ee Mënsch sech opbaut, wann em dat feelt, wat mir eigentlech all am meeschte brauchen: verléisslech Relatiounen, Opmierksamkeet an opriichteg Léift. De Sascha Rink, Protagonist, ass ee selbsternannte Philosoph, deem säi professionellt Liewenszil et ass, héichkarätege Simulant ze ginn.
Dat kënnt net vun ongeféier an ass och keng kanneresch Fantasie, well de Sascha mierkt vu Klengem un, dass jidderee ronderëm hien eng Roll spillt a probéiert, hien an eng Roll ranzedrécken. En ass ni gutt genuch, wéi en ass. E kritt stänneg mat op de Wee, dass et am Liewe virun allem ëm pompööst Optrieden an ëm e „gudden“ Image geet. An där Aufgab ass hie gewuess; hien erzielt vu senge 24 éischte Joren, an deenen hien seng Simulanteroll no an no bis hin zur Perfektioun spillt. Sou heeft hien zwar Goss un, mee wat ass scho Geld an enger Welt, an där een net si kann, wéi een ass?
Nora Schleich, Programmkoordinatorin der EwB




