Krixkrax: Ausstellung zum Buch
Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis & Publikumspräis (2025) an der Kategorie “Kannerbuch”
An der ErwuesseBildung bidde mir Kënschtler ee Raum an d’Geleeënheet fir hier Wierker auszestellen, sief et am Beräich Fotographie, Molerei oder an dësem Fall: eng Billerbuch-Ausstellung.
Vum 10. Januar u kann ee wärend 2 Wochen d’Wierk Krixkrax, geschriwwe vum Marc Weydert a mat Zeechnunge vum Patty Thielen (erausgi vum Perspektiv Verlag), an der Stad bewonnere kommen.
Mat iwwer 20 Tabloen a Concept-Art, den de Prozess vum Billerbuchzeechnen weist, begleet d’EwB Interesséierter a virun allem Famillen, op eng Rees duerch dëst Lëtzebuerger Kannerbuch, a bitt d’Méiglechkeet d’Originalbiller an d’Geschicht mat aneren An unhand vun ureegende Féierungen, Liesungen a Workshops ze erliewen.
Den Optakt fir d’Billerbuch-Ausstellung mécht de Vernissage den 10. Januar ab 17 Auer. wou mir Iech häerzlech alueden, fir mat de Kënschtler duerch d’Ausstellung ze goen.
– – – – –
Ëffnungszäiten vun der EwB: Mo-Fr, 13h-17h

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg Information:info@ewb.lu




