Events

Lieshond-Café

ewb-familien

Liesen fërderen mat Hëllef vun engem Hond

Lieshënn ginn ëmmer méi beléift, an dat net ouni Grond: Studien ënnersträichen de positiven Effekt dee Lieshënn op Kanner hunn, sief et op d’Lieskompetenz, d’Selbstvertrauen oder d’Freed um Liesen.

Eis Hënn sinn ausgebilte Lieshënn a «lauschteren» dem Kand beim Virliesen no, ënnerstëtzt gëtt dat ganz mat Liesspiller bei deenen den Hond deelhëlt an sou zousätzlech motivéiert.

D’Eltere kennen hier Kanner ab 14h fir ee Lieshond-slot vun 30 Minutten aschreiwen. Wärend d’Kand liest, kréien d’Elteren Tipps zur Liesfërderung a Liestipps matgedeelt.

Beim Lieshond-Café si keng extern Hënn erlaabt. Bicher zum Virliese ginn et op der Plaz a mussen net matgeholl ginn.

OPGEPASST: Wann Dir un engem Lieshond-Café deelhuele wëllt, sidd Dir gebieden virdrun eis Kickoff-Kenneléierveranstaltung „Hondsführerschäin fir Famillen“ besichen. Dës fënnt den 22. November statt.

Dëst Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …

A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Termine:19.11, 10.12Zeit:14:00 bis 16:00 UhrEintritt:GratisAdresse:Eltereforum Niederanven

Centre de Formation "Am Bongert"
128 Rte de Trèves
L-6960 Senningen Niederanven
Information:info@ewb.luSprache:LU/ENG/FRTrainer*in:Leslie FischbachZielgruppe:Kanner (8 – 12 Joer) an hier Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, Nanny, … )