Events

Niklos-Expo an der Kathedral

ewb-familien

Niklosduerstellungen an -traditiounen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg steet d’Traditioun zum Niklosdag op der nationaler Lëscht vum immaterielle Patrimoine. Mee, wee war dee Mann, un deen d’Kanner zënter Generatiounen all Joer virum 6. Dezember ee laange Wonschziedel schreiwen? A vun deem dat ganzt Joer iwwer op ville Plazen, net nëmmen an de Kierchen, eng Statu oder e Bild ze fannen ass. Wou kënnt hien hier? Wat gëtt et fir Legende ronderëm hien a wéi ass d’Traditioun, besonnesch zu Lëtzebuerg?

D’Legenden an Traditiounen zum Kleeserchersdag ginn duergestallt. Donieft gi Fotoe gewise vun den Duerstellunge vum Niklos an de Fester zu sengen Éieren aus dem ganze Land. Och historesch Reportagen an Dokumentatiounsfilmer aus de 40er bis 80er Joere gi projezéiert.

Konferenz iwwert d’Niklosduerstellungen an d‘-traditiounen am ganze Land mam Historiker Dr Tom Zago

  • 17.11. | 17.30 an der Stad an der EwB, 5, av. Marie-Therèse (Entrée G)
  • 25.11. | 19.00 zu Dikrech am Festsall vun der Grondschoul, place des écoles

Et wäert och e Kaderprogramm fir Kanner ugebuede ginn. Genee Informatiounen dozou kommen nach. Sieft gespaant!

Dës Expo gëtt am Uschloss zu Dikrech an der Porkierch ausgestallt. Dëst vum 26. November bis den 8. Dezember. Méi Informatiounen…

Datum:16.11.2024 - 24.11.2024Eintritt:FreiAdresse:Cathédrale

Rue Notre-Dame
Luxembourg
Information:info@ewb.lu