Événements

Feierlech Erëffnung vum EwB Bicherzelt

Eist Bicherzelt fënnt dëst Joer um Mäertchen (um Knuedler) seng Plaatz.

Och wann eist Zelt dës Kéier méi kleng ass wéi gewinnt, sou gëtt et trotzdeem sou munches ze entdecken. Eng ronn 1.000 Bicher zu ënnerschiddlechen Themen erwaarden Iech – op al oder jonk, fir jiddereen ass eppes dobäi.

D’Zelt gëtt de 25. Abrëll um 15.00 Auer feierlech opgemaach. Kommt gäre bis laanscht e verbréngt ee gesellege Moment mat eis. Jiddereen ass häerzlech invitéiert.

 

ℹ️ Bis den 10.05. si mir all Dag fir Iech do (Mo-Fr 12.00–17.00 & Sa-So 10.00–18.00).

Date:25.04.2026Temps:15:00 heureEntrée:gratislieu:Mäertchen

um Knuedler an der Stad
Information:info@ewb.lu