Événements

„Wou kommen d’Puppelcher hier?“

ewb-familien

Een opklärende Famillienatelier mam Fabienne Michaux

OPGEPASST: Den Atelier gouf annuléiert a wäert net wéi geplangt stattfannen.

Als Elteren huet een et net ëmmer einfach iwwert Beien a Bléie mat de Kanner ze schwätzen. Heiansdo steet een sech mat senger eegener Erfarung oder Astellung zu dem Thema selwer am Wee oder et weess een net, wat een op déi virwëlzeg Froe vu senge Kanner äntwere kann.

Am dësem pedagogeschen Atelier „Wou kommen d’Puppelcher hier“ erkläert eis d’Hiewan a Sexologin Fabienne Michaux unhand vun der Hexe Cardamome wou d’Puppelcher hier kommen. Mat altersgerechtem Material an Aktivitéite gëtt gewise wou d’Somzell hierkënnt a wou se sech (meeschtens) mat der Eezell trefft.

Dësen Opklärungsatelier riicht sech u Kanner aus dem zweeten an drëttem Schouljoer mat hieren Elteren.

 

A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Date:14.10.2023Temps:10:00 jusqu'à 12:00 heureS'inscrire jusqu'à:11.10.2023Entrée:Mir schloen een 5€ Don vir, mee Dir gitt, wat Dir kënnt a wëllt.lieu:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLangue:LU