Eventer

E Liesmoien mat Hond

ewb-familien

Thema: Du bass genau richteg 

E Liesmoien zum Thema “Du bass genau richteg” mat zwee spezielle Gäscht: D’Nami, de Kuschelmupp, an de Willy, de Stroossenhond.

De Willy de Stroossenhond aus Portugal hat et a sengem Liewen net einfach. Ee Stéck vum Ouer feelt an en huet iwwerall Bëssspuren. Trotzdeem huet de Willy d’Vertrauen an d’Liewen net verluer. (Virun allem net d’Freed um Iessen 😉)

De Willy féiert eis am éischten Deel vum Liesmoien an d’ Thema: “Du bass genau richteg” an. Well och wann de Willy zimmlech ramponéiert ausgesäit, ass hien dach gutt esou wéi en ass.

Am zweeten Deel kënnt d’Nami an d’Spill. Zesumme mat sengem Frauchen, dem Myriam, stellen si eis eng Geschicht vir an däer et ëm eis Stäerkten a Schwäche geet.

Am Uschloss maachen sech d‘Eltere mat de Kanner op d’Sich no hire Schätz a Stäerkte.

Perfekt fir bei der Rentrée d’Selbstbewosstsi vu sengem Kand ze stäerken!

Fir déi grouss Ënnerstëtzung vum Nami a vum Willy kréien d‘Éieregäscht zum Schluss natierlech vun all wëllegem Deelhueler ee Leckerli ausgedeelt.

Wichteg: W.e.g bei der Umeldung de Numm an den Alter vum Kand uginn. Merci!

Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …

A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Datum:21.09.2024Zäit:10:00 bis 11:30 AuerUmelle bis:19.09.2024Entrée:Gratis

Mir géifen eis iwwert een klengen Don freëen.
Adress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LUFormatrice/Formateur:Leslie Fischbach & Myriam VinandyZielgrupp:Kanner am Alter vu 5 bis 7 Joer & eng Vertrauenspersoun (Eltern, Großeltern, Stiefeltern, Nanny)