D’EwB

Missioun

D’EwB widmet sech der Bildung vum Mënsch. Bildung mengt dobäi d’Entwécklung vum Mënsch a senger Persoun, déi souwuel individuell a perséinlech ass, awer och aus enger kultureller a pedagogescher Siicht verstane gëtt. Si stellt e Prozess duer, an deem de Mënsch am Liewe gestaltend ka ginn. De kreativen an autonomen, och kritesche Geescht ass deen, dee mat sech selwer a sengem Ëmfeld verantwortungsbewosst an nohalteg ëmgeet.

Sech am Liewen orientéieren heescht ze wielen. Dëst heescht och, sech mat den eegenen Entscheedungen auserneenzesetzen. D’EwB gesäit sech dobäi als Begleeder an Ënnerstëtzer. Mir bidden ee Raum, an deem souwuel Zäit fir sech selwer ass, dofir, Neies ze entdecken a fir Gestaltung: déi eegen an och d’Gestalten mat anere Mënschen. Dofir proposéiere mir villsäiteg Méiglechkeeten – zentral ass awer allzäit dat eegent Liewen, d’Liewen als Persoun, als Deel vun der Gesellschaft an der Äerd.

Visioun

D’Offer vun der EwB bleift ouni thematesch Hierarchie. D’Perspektiven si kulturell, kreativ, spirituell, reliéis, philosophesch oder wëssenschaftlech, si stellen ëmmer eng Orientéierung bannent dem grousse Ganzen, dem Liewen, duer.

4 Sailen

De Wee zu sech selwer, zur Bildung vun der eegener Persoun, ass en dynamesche Prozess mat ville Synergien. Fir dëse Wee aktiv ze betrieden a fir selwer aktiv ze ginn, si fir eis véier Etappen zentral:

  • Sech selwer, seng Ressourcen a Besoinen, wouerzehuelen an erkennen: sech zentréieren.
  • Receptiv ginn, Informatioune wouerhuelen an domat ëmgoen, Wëssen a Verständnis duerch medial Kompetenz opbauen.
  • Inhalter vun der Liewenswelt entdecken, kritesch hannerfroen a verschaffen: Zesummenhäng erkennen a sech orientéieren.
  • Doraus kann de Mënsch proaktiv gestaltend ginn, mat deem Erliefte schaffen, selwer Projeten stëften a sengem Wierken Sënn ginn – a sech aktiv an der Gesellschaft abréngen.

Natierlech sinn dës Etappen individuell verschidden a gi fléissend aneneen iwwer. All sinn se Deel vun der Kultivéierung vum liberalen an aktive Mënsch. Fir dëse Prozess an de Vierdergrond ze stellen, begéint d’EwB dem Mënsch an all Liewensalter a -phase. Mir begleede gäre bei der Orientéierung a Weiderbildung, fir Autonomie a Kreativitéit ze fuerderen.

Zur Geschicht:

  • D’asbl gouf 1986 ënnert dem Numm “Info-Video-Center asbl” an d’Liewe geruff. Eigentlech gouf se gegrënnt, fir ergänzend Aktivitéiten zum “Centre Chrétien d’Éducation des Adultes”, engem 1972 gegrënnten Déngscht vun der kathoulescher Kierch, ze entwéckelen. Am nämmlechte Joer huet d’asbl eng éischt Konventioun mam Familljeministère als zoustännege Ministère ënnerschriwwen. Dës war bis 2021 a Kraaft.
  • 2001 gouf d’asbl als gemengnëtzeg unerkannt.
  • 2003 huet d’asbl eng Konventioun mat der Stad Lëtzebuerg ënnerschriwwen, mam Ziel, Formatiounen zu digitale Medien unzebidden (déi spéider Internetstuff / i-stuff).
  • 2009 hëlt d’asbl de Numm “ErwuesseBildung asbl” un.
  • 2011 gëtt d’asbl vum Ministère fir Bildung a Weiderbildung fir d’Organisatioun vu Coursen zur professioneller Weiderbildung zougelooss.
  • Am Kader vun der Neiorganisatioun vun der Äerzdiözes am Joer 2015, geet d’ErwuesseBildung eng Konventioun mam Äerzbistum an.
  • 2021 ënnerschreift d’asbl eng Konventioun mam Ministère fir Digitaliséierung souwéi eng nei Konventioun mat der Äerzdiözese.
  • 2022 ënnerschreift d’asbl eng Konventioun mam Ministère fir Bildung a Jugend, deen de Familljeministère als zoustännege Ministère ersetzt.