Ekipp

Hülya Atasoy

Chargée de Communication an i-Stuff-Trainerin

Studium vun der Mëttlerer an neier Geschicht souwéi Fachjournalistik, duerno Journalistin bei engem Lëtzebuerger Medienhaus. 2021 Wiessel zur EwB. Haut ass d’Hülya Atasoy fir d’Kommunikatioun vun der EwB verantwortlech an hëlleft bei den i-Stuff-Aktivitéiten aus.

Bis Enn Juni am Congé de maternité.

Yannick Fella

Mediendidaktiker an i-Stuff-Trainer

Master am E-Learning und an der Mediebildung, spezialiséiert op d’Konzeptioun vun digitale Léierformater. Säit 2023 schafft hien an der EwB an de Beräicher i-Stuff an Entwécklung vu Coursen.

Leslie Fischbach

Mediepedagogin

Bachelor an der europäescher Kultur, Diplom pédagogique, Illustratorin. D’Leslie schafft säit 2023 als Mediepedagogin an der EwB an organiséiert mediapedagogesch Aktivitéite fir Kanner an Erwuessener, souwéi Formatioune fir Multiplikatoren. Schwéierpunkten: Liesfërderung an nei Medien.

Philippe Funk

Projetsresponsabel an i-Stuff-Trainer

Doktorand an der Betriebswirtschaftslehre a Masterléiergang an Cyber-Sécherheet mat enger Passioun fir Bildung. A méi Beräicher zertifiéiert. Aktiv an der Nanosatellitten-Fuerschung, kënschtlerescher Molerei a Musek.

zeigt die Direktorin der EwB

Ulrike Kohl

Direktesch

Professionell Coach, Master a Franséisch a Spuenesch, MBA, Beruffserfarung am Beräich Fuerschungsmanagement a Personalwiesen, säit 2022 Direktesch vun der EwB

Liz Lambert

Chargée de Communication

Master an der Reliounswëssenschaft, huet zum Säkulariséierungsprozess a Lëtzebuerg gefuerscht, Fotokënschtlerin. Säit 2023 fir d’Kommunikatioun vun der EwB verantwortlech.

Liliane Marbach

Sekretärin a Programmassistentin

Beruffserfarung an enger Etüd, engem mëttelstännegen Handwierksbetrib a säit Mee 2022 an der Verwaltung vun der EwB täteg.

Nora Schleich

Programmcoordinatrice a Konzeptgestalterin

Promovéiert an der Philosophie, a Kultur, Konscht a Gesellschaft täteg. Säit 2022 am Team vun der EwB. D’Nora Schleich këmmert sech em de Programm an em déi konzeptuell Ausriichtung vun der EwB.

Barbara Schu

Responsabel fir de Beräich Mediepedagogik

Educatrice, Bicherhändlerin a Medientutorin. D’Barbara Schu schafft säit 2005 bei der EwB, ass hei fir d’Mediathéik responsabel an organiséiert mediepedagogesch Veranstaltungen a Formatiounen. Aktuell mëscht si selwer eng Fortbildung zur Naturpedagogin.

Laure Simon

Coordinatrice vum Projet Oppe Kierchen

Schafft säit 2010 bei der EwB a koordinéiert d’Netzwierk vun den oppene Kierchen souwéi all aner Eventer a Formatiounen fir Erwuessener am Beräich vum reliéise Kulturierwen.